Communiqué - Covid19

Dans le cadre de la mise en œuvre des mesures décidées par le Gouvernement pour faire face à la propagation du coronavirus, le Secrétariat du Médiateur ainsi que le Contrôle externe des lieux privatifs de liberté ont mis en place les mesures suivantes, destinées à garantir une continuité de service :

Les bureaux ne sont plus accessibles au public jusqu’à nouvel ordre.

Les services peuvent être contactés :

- par téléphone, de 8h00 à 12h00 et de 13h30 à 16h00 au (+352) 26 27 01 01,
- par e-mail à l'adresse ,
- par voie postale au 36, rue du Marché-aux-Herbes, L–1728 Luxembourg.

Le Secrétariat du Médiateur ainsi que le Contrôle externe des lieux privatifs de liberté vous remercient pour votre compréhension.


Op dëser Säit fannt Dir Informatiounen iwwert déi verschidde Mediatiounsservicer an och iwwer d’juristesch Hëllefen déi et zu Lëtzebuerg ginn.

Zéckt net eis ze kontaktéieren wann Dir nach zousätzlech Renseignementer sicht.


Ombudsmann fir Consommatioun

Den nationale Service vum Ombudsmann fir Consommatioun (Service national du Médiateur de la consommation) ass eng neutral an onofhängeg Entitéit déi de Konsumenten an de Professionellen e fräiwëllegen a vertrauleche Prozess zur Verfügung stellt fir e Consommatiounsträit, dat heescht e Litige aus engem Kaf oder enger Déngschtleeschtung tëscht engem Konsument an engem Professionellen, am Gudden ze léisen.

Den Ombudsmann fir Consommatioun kann als onparteieschen Intermediaire handelen, fir den Dialog tëscht de Parteien ze erliichteren an si an der gemeinsamer Sich no enger Léisung am Gudden ze ënnerstëtzen. Wann d’Parteie keng Eenegung am Gudde fannen, da kann den Ombudsmann hinnen eng Léisung virschloen déi si akzeptéieren oder ofleene kënnen.

Ancien Hôtel de la Monnaie
6, rue du Palais de Justice
L-1841 Luxembourg

Tel: (+352) 46 13 11
Fax: (+352) 46 36 03

E-Mail:
Website:


Ombudsmann fir Gesondheet

De nationale Service fir Informatioun a Mediatioun am Gesondheetssecteur (Service national d’information et de médiation dans le domaine de la santé) ass eng Struktur fir Informatioun, Berodung an och Vermeidung a Léisung vu Konflikter tëscht Gesondheetsprestatairen a Patienten.

Dëse Service ass gratis. E steet de Patienten esou gutt wéi dem Gesondheetspersonal zur Verfügung.

11, rue Robert Stumper
L-2557 Luxembourg

Tel: (+352) 24 77 55 15

E-Mail:
Website:


Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKaJu)

Duerch d’Gesetz vum 1. Abrëll 2020 an d’Liewe geruff, ass den OKaJu eng onofhängeg Institutioun déi als Missioun huet, d’Promotioun, d’Sauvegarde an de Schutz vun de Kanner hire Rechter am Sënn vun der internationaler Konventioun iwwert d’Rechter vum Kand (KRK), vun de Vereenegten Natiounen adoptéiert, déi fir all Kanner a Jugendlecher bis zum Alter vun 18 Joer gëllt.

Den OKaJu mecht d’KRK zu Lëtzebuerg bekannt a suergt dofir, datt si respektéiert gëtt. Hie stellt besonnesch sécher, datt d’Wuel vum Kand bei jidder Entscheedung, déi duerch iergend ee par Rapport zum Kand getraff gëtt (Elteren, Institutiounen, Verwaltungen, Entreprisen oder kommerziell Acteuren) Prioritéit huet.

Den OKaJu ënnerstëtzt all Kand individuell, fir em ze hëllefen am Fall wou seng Rechter net beuecht ginn. Hie lauschtert dem Kand no an ënnerstëtz et dobäi, seng Iddien a Gefiller fräi ze äusseren.

Den OKaJu ka fir all Aart vu Berodung, mee och bei enger Reklamatioun déi d’Rechter an d’Interessie vum Kand ugeet, ageschalt ginn. Hie kann och op eegen Initiativ agräifen a Situatiounen an deenen d’Kannerrechtskonventioun net korrekt ugewannt gëtt.

65, route d'Arlon
L-1140 Luxembourg

Tel: (+352) 28 37 36 35

E-Mail:
Website:


Ombudsmann fir Schoulfroen

Den Ombudsmann fir Schoulfroe befaasst sech mat Reklamatiounen iwwer de Maintien am Lycée vu Schüler déi e Schoulofbroch riskéieren, iwwer d’schoulesch Inclusioun vu Schüler mat besonnesche Bedierfnisser an déi vu Kanner mat engem Migratiounshannergrond.

29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel: (+352) 2476–5280

E-Mail:
Website:


Noperschaftsmediatioun zu Lëtzebuerg

Hei fann Dir eng Lëscht vu Lëtzebuerger Gemengen, déi hiren Awunner e gratisse Mediatiounsservice ubidden.

Zéckt net, Är Gemeng ze kontaktéieren fir weider Informatiounen.


Beaufort
Bech
Berdorf
Betzdorf
Bourscheid
Consdorf
Contern
Differdange
Dippach
Dudelange
Echternach
Ettelbruck
Fischbach
Garnich
Heffingen
Hesperange
Hodscheid
Junglinster
Larochette
Lenningen
Lintgen
Mamer
Mersch
Mertert
Mondorf-Les-Bains
Niederanven
Reckange-Mess
Remich
Roeser
Rosport-Mompach
Sandweiler
Schifflange
Schutrange
Stadtbredimus
Steinsel
Waldbillig
Waldbredimus
Wiltz
Beaufort
Bech
Berdorf
Betzdorf
Bourscheid
Consdorf
Contern
Differdange
Dippach
Dudelange
Echternach
Ettelbruck
Fischbach
Garnich
Heffingen
Hesperange
Hodscheid
Junglinster
Larochette
Lenningen
Lintgen
Mamer
Mersch
Mertert
Mondorf-Les-Bains
Niederanven
Reckange-Mess
Remich
Roeser
Rosport-Mompach
Sandweiler
Schifflange
Schutrange
Stadtbredimus
Steinsel
Waldbillig
Waldbredimus
Wiltz

SOLVIT – Léisunge fir Problemer am Zesummenhang mat Äre Rechter an der EU

Wann Dir Problemer mat enger ëffentlecher Verwaltung an engem aneren EU-Land hutt, kënnt Dir Iech un d’SOLVIT-Netzwierk wennen.

D’SOLVIT-Netzwierk gouf vun der Europäescher Kommissioun ageriicht fir de Bierger an Entreprisen ze hëllefen, Léisunge à l’amiabel fir Problemer ze fannen, op déi se bei der Ëmsetzung vum EU-Recht stoussen.

De Reseau erlaabt, eng aussergeriichtlech (informell) Léisung fir Reklamatioune vu Bierger an Entreprisen ze fannen, esou laang dës Problemer net Géigestand vun engem Rechtssträit op nationalem oder EU-Niveau sinn.

SOLVIT-Zentre gëtt et an all EU-Land an och an Island, Liechtenstein an Norwegen. Si behandelen d’Reklamatiounen déi bei si era kommen, gratis.

19-21 boulevard Royal
L-2449 Luxembourg

Tel : (+352) 2478-4334
Fax : (+352) 2478-4159

E-Mail :
Website :


Zentrum fir Gläichbehandlung (CET - Centre pour l’égalité de traitement)

Den CET, deen duerch d’Gesetz vum 28. November 2006 geschaaft gouf, exerzéiert seng Aufgaben op eng onofhängeg Aart a Weis an huet als Zil, d’Gläichbehandlung vun alle Persounen ouni Diskriminéierung aus Grënn vu Rass oder ethnescher Hierkonft, vu Geschlecht, sexueller Orientéierung, Relioun oder Konviktiounen, Behënnerung an Alter ze fërderen, ze analyséieren an ze iwwerwaachen.

65, route d'Arlon
L-1140 Luxembourg

Tel: (+352) 28 37 36 35

E-Mail:
Website:


Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR)

E Konsument dee säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg oder an der Europäescher Unioun huet, kann eng Mediatiounsufro géint een zu Lëtzebuerg etabléierte Professionellen (Bedreiwer, Liwwerant/Verwalter vum Stroum- oder Erdgasnetz oder vu Postservicer) era ginn, an een zu Lëtzebuerg etabléierte Professionelle kann och eng Mediatiounsufro maache géint eng Persoun déi hire Wunnsëtz um Territoire vu Lëtzebuerg huet.

Déi vum ILR virgeschloe Mediatioun ass eng Method vun aussergeriichtlecher Sträitschlichtung, bäi der en onofhängegen Drëtten, Mediateur/Ombudsmann genannt, d’Missioun huet, de Parteien (Plaignant an Ugeklote vun der Mediatioun) ze hëllefen, eng Léisung am Gudde fir hire Sträit ze fannen.

D’Mediatiounsprozedur ass fräiwëlleg, gratis a schnell.

17, rue du Fossé
L-1536 Luxembourg

Tel: (+352) 28 22 82 28
Fax: (+352) 28 22 82 29

E-Mail:
Website:


Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC)

D’ULC ass eng ASBL (Association sans but lucratif) der hire sozialen Zweck de Schutz, d’Verdeedegung, d’Informatioun an d’Educatioun vun de Lëtzebuerger Konsumenten ass. Als representativ Organisatioun vertrëtt si d’Konsumenten och virun ëffentlechen a politesche Gremien.

55, rue des Bruyères
L-1274 Howald

Tel: (+352) 49 60 22 – 1

E-Mail:
Website:


Lëtzebuerger Kommissioun fir Reesreklamatiounen (ULC/CLLV - Commission Luxembourgeoise des Litiges de Voyage)

D’Missioun vun der CLLV ass en aussergeriichtlecht Reglement vu Konsumentekloe bei nationalen a grenziwwerschreidende Litigen am Zesummenhang mat Pauschalreesverträg, déi ënnert den Artikel L.225-1 ff. vum Konsumenteschutzgesetz falen a vun engem zu Lëtzebuerg wunnhaften oder net wunnhafte Konsument oder engem zu Lëtzebuerg etabléierte Professionellen ofgeschloss goufen, so wéi och bei allen anere Reesdëngschtleeschtungsverträg, déi vun zu Lëtzebuerg wunnhaften oder net wunnhafte Konsumenten iwwert een zu Lëtzebuerg etabléierte Reesbüro ofgeschloss goufen.

D’CLLV kann och dann ugeruff ginn, wann een net zu Lëtzebuerg etabléierten Professionellen d’Kompetenz fir Litigë mat zu Lëtzebuerg wunnhafte Konsument unerkennt.

55, rue des Bruyères
L- 1274 Howald

Tel: (+352) 49 60 22 – 205
Fax: (+352) 49 49 57

E-Mail:
Website:


Ombudsmann fir Versécherungen (ULC/ACA)

D’Haaptmissioun vum Ombudsmann fir Versécherungen ass d’Beaarbechtung vun Demandë fir eng aussergeriichtlech Regelung vu Versécherungslitigen tëscht zu Lëtzebuerg etabléierte Versécherungsgesellschaften a Konsumente mat oder ouni Wunnsëtz zu Lëtzebuerg. D’Prozedur ass gratis.

12, rue Erasme
L–1468 Luxembourg

Tel: (+352) 44 21 44 1
Fax: (+352) 44 02 89

E-mail:
Website:


Accueil a juristesch Informatiounen (Accueil et information juridique)

Den Service fir den Accueil a juristesch Informatiounen empfänkt Persounen, déi Informatioune kréie wëllen an un d’zoustänneg Servicer wëlle verwisen ginn, besonnesch a folgende Beräicher: Zivilrecht, Locatiounen, Scheedung, Strofrecht, Aarbechtsrecht.

De Service riicht sech u Privatpersounen, mee net u Commerçanten déi Informatiounen iwwer d’Wirtschaftsrecht erhale wëllen.

An der Praxis besteet d’Aarbecht vum Service haaptsächlech doran, Eenzelpersounen iwwer juristesch Prozeduren a Prozesser ze informéieren, Modeller vun Ufroen an Demandë virzeschloen an ze verdeelen oder och juristesch Prozeduren an Aktiounen ze erklären, fir déi ee keen Affekot brauch.

Persounen déi iwwer d’Reechwäit vun hire Rechter an / oder de Moyenen dovu wëllen informéiert ginn, mussen sech un den Informatiounsservice riichten, dee vun Affekoten assuréiert gëtt. Dëse Service ass all Samschdeg Muergen op vun 8.30 - 11.30 Auer, an der Cité judiciaire, Bâtiment Commun (De Service ass wärend de Schoulvakanzen zou).

Luxembourg
Cité judiciaire
Bâtiment BC
L-2080 - Luxembourg
Tel: (+352) 475981 - 2345/ 2325/ 2600

Diekirch
Justice de paix
Place Joseph Bech
L-9211 - Diekirch
Tel: (+352) 802315

E-mail:
Website:


Lëtzebuergesch ëffentlech Administratiounen an Ariichtungen

Verzeechnes vun den ëffentleche Websäiten zu Lëtzebuerg

Website:

Telefonsverzeechnes vun de verschiddene Ministeren

Website: