Virun deem, datt Dir eng Reklamatioun géint en ze luese Virgang oder eng Decisioun vun der Administratioun era gitt, musst Dir perséinlech beim entspriechende Service virstelleg gi fir eng Explikatioun oder Kloerstellung ze froen oder fir se ze widderspriechen.
Mir roden Iech, schrëftlech virzegoen (am Beschten duerch ageschriwwene Bréif mat Accusé de réception) an eng Kopie dovun ze behalen.
Wann Dir bannent engem Mount keng Äntwert kritt hutt oder Dir sidd mat der Äntwert vun der Administratioun net averstanen, da kënnt Dir eis kontaktéieren.
Opgepasst, beuecht w.e.g. datt d’Delaie fir administrativ Recoursen a Contentieuen net ënnerbrach ginn duerch d’Areeche vun Ärer Reklamatioun beim Ombudsman.
Dir kënnt eis är Reklamatioun per E-Mail un info@ombudsman.lu oder per Post schécken.
Fir weider Informatioune kënnt Dir eis ënnert der Telefonsnummer +352 26 27 01 01 kontaktéieren.